QualifyHQ Logo

Gulf

Gulf – eng historesch MarqueD'Geschicht vun der Marque Gulf fänkt am Joer 1901 un, mat der Entdeckung vum Pëtrolvirkomme Spindletop an Texas, USA. Nach datselwecht Joer gëtt eng nei, modern Raffinerie gebaut, déi de Grondstee fir den Pëtrolkonzern Gulf Oil leet. An de Joeren duerno gëtt d'Gesellschaft ëmmer méi e Pionéier an der Pëtrolsbranche, andeems se bedeitend Neierungen op de Maart bréngt. Sou ass Gulf Oil zum Beispill den Erfanner vum schwammende Buertuerm a vun der klassescher Drive-In-Tankstell. An den 1950-er, 1960-er an 1970-er Joeren ass Gulf Oil eng vun de Seven Sisters, dat heescht eng vun de siwe Pëtrolsgesellschaften, déi de globalen Uelegmaart beherrschen. An der Mëtt vun den 1980-er Joere gëtt Gulf Oil vu Chevron iwwerholl, an domat verschwënnt déi historesch Marque bal ganz aus der Ëffentlechkeet. Eréischt ëm dat neit Joerdausend fënnt d’Marque Gulf zréck op de Pëtrolsmaart duerch d’weltwäit Erdeele vu neie Lizenze – sou och 2001 zu Lëtzebueg.Den 23. Mäerz 2001 kritt d'Gesellschaft Gulf Petroleum Luxembourg d'Lizenz vun der Marque Gulf fir Lëtzebuerg. Domat ass se den exklusive Vertrieder fir Gulf-Produkter zu Lëtzebuerg. Den 29. August 2001 mécht eng éischt Gulf-Tankstell zu Wäiswampech hir Dieren op. 2001 ass awer net nëmmen um nationalen, mä och um internationale Plang en historescht Joer: Do sinn et och genee honnert Joer hier, datt dat éischt Uelechvirkommen zu Spindletop (Texas) entdeckt gouf, wouropshin d'Uelechgesellschaft Gulf Oil gegrënnt gouf.

Gegründet

2001

Umsatz

$20.0M - $50.0M

Finanzierung

Unbekannt

Ähnliche Unternehmen ansehen

Qualify this Company in

minutes

Während andere Tools nur Zeit kosten, helfen wir Ihnen, in wenigen Minuten passende Unternehmen zu qualifizieren - so bleibt Ihre Pipeline gesund, Ihr Team produktiv und Ihre Deals kommen schneller voran.

Start free trial

7-Tage-Test kostenlos starten